Song



Iron Scout 2026

Eist Lidd fir ënnerwee

Perfekt fir um Wee, bei der Paus oder zesumme beim Arrivée.

Dëse Song geet op d’Weis vun „Iwwerall wou mir hi ginn, froen d’Leit eis ëmmer“

Strof 1
Moies um sechs Auer
Froen d’Leit verwonnert
Wou mir higinn?
A firwat dat gutt ass?

Mir soen hin-nen
Mir sinn um Iron Scout
Trëpple fir de gudden Zweck

Och wann si näischt verstinn
Trëpple mir nach weider

Strof 2
Geet d’Sonn owes ënner
Froen d’Leit verwonnert
Nach net fäerdeg?
‘t ass dach gläich stackdäichter!

Mir soen hin-nen
Mir si nach laang net midd
A schonn iwwert d’Halschent

Och wann si näischt verstinn
Trëpple mir nach weider

Strof 3
No enger laanger Nuecht
Froen d’Leit begeeschtert
Gu-utt ukomm?
An elo ganz houfreg?

Mir soen hin-nen
Mir sinn um Enn
Mä et war mega gäil

Och wann si eis ‘lo klappen
Leeë mir eis schlofen

Strof 4
Méindes an der Schoul
Froen d’Leit verwonnert
Fi-irwat hipps du?
Wéivill Kilometer?

Mir soen hin-nen
Fënnef a siechzeg
An engem eenz’gen Dag

A wann si eis net gleewen
Da weise mir eis Blooderen

Text: mJ